Füllen Sie die folgenden Felder aus:
Bezahlungsarten
Moien an häerzlech Wëllkomm op mengem Profil!
Aktuell bidden ech ausschliisslech Videoconsultationen un, déi dir bequeem vun doheem aus maache kennt.
Ech bidden eng professionell an empathesch Begleedung a verschiddenen Beräicher, dorënner:
- Suchtproblematiken & Ëmgang mat Familljemembere mat enger Suchterkrankung
- Depressiounen & Burnout. Ech hëllefen Iech, d'Spiral vun niddreger Energie an Antriebslosechkeht ze briechen.
- Stress an Problemsituationen am Aarbechtskontext, Mobbing
- Elternschaft - Ëmgaang mat Kanner déi schwéier Liewensphasen duerchmaachen, Postnatal Depressioun, ...
- Onerfëllte Kannerwonsch - E ganz schwieregen an emotionale Prozess, bei dem ech Iech mat Empathie a Versteesdemech begleeden.
- Liewenskrisen, Trauer an Verloscht
- Phobien, Angststéierungen an Panikattacken
- Somatoform Steierungen - Péng fir déi aktuell nach keng kierperlech Erklärung fonnt ginn ass - Chronesch Péng
2018 hunn ech mäi Master a klinescher Psychologie ob der ULB zu Bréissel ofgeschloss.
Bei Froen oder fir e Rdv auszemaachen, kennt dir mech och gär via Telefon (661-789-008) oder Mail ([email protected]) kontaktéieren.
Eng Sëtzung dauert 50 Minutten an den Tarif vun 115 Euro gëtt aktuell net vun der CNS iwwerholl.